Aktuelles

Hutt Dir eng méi grouss Solaranlag vu méi ewéi 20 kWp a sidd interesséiert, Member vun eiser communauté énergétique ze ginn? Zéckt net, eis ze kontaktéieren. Mir freeën eis och iwwer Ufroë fir Anlagë aus dem Agrarberäich, wou de garantéierten Aspeisetarif ausgelaaf ass.

Iwwer eis

Matenee Stroum deelen – eng Win-win-Situatioun fir eis Memberen.

Gegrënnt 2024 ass d'Communauté Énergétique Albaach asbl eng Initiativ ronderëm gemeinschaftlecht Stroumdeelen. Nieft eiser eegener Aktivitéit am nationale Stroumdeelen ënnerstëtze mir eis Memberen och bei der Grënnung vu lokalen Energiegemeinschaften.

Stroumdeelen

Verständlech erkläert

Stroumdeelen bedeit, datt erneierbar produzéierte Stroum net nëmmen selwer verbraucht, mee och mat anere Participante gedeelt ka ginn. Am selwechte Gebai oder am direkte Noperschaftsberäich geschitt dat als kollektiv Autoconsommatioun; fir Participanten, déi méi wäit ewech sinn, geschitt et am Kader vun enger communauté énergétique, ewéi eiser asbl.

CER nationale

Eng communauté énergétique renouvelable nationale (CER) ass net geographesch limitéiert. Am Géigesaz zu enger lokaler CE, déi op maximal 300 Meter tëscht de wäitsten Uschlosspunkte begrenzt ass, kënnen d'Memberen, d'Produktiounsanlagen an d'Verbrauchspunkten bei enger CER nationale iwwer dat ganzt Land verdeelt sinn.

Kontakt

Fir Ufroen, allgemeng Interessi oder éischte Kontakt benotzt wgl. de Formulaire hei drënner.

Kontaktformular

Beim Ofschécke mécht dëse Formulaire Är E-Mail-App op an iwwerdréit Är Donnéeën un eis, ouni datt eis E-Mail-Adress op der Säit am kloere Text ugewise gëtt.

Impressum

Communauté Énergétique Albaach asbl

12 Albaach
L-5471 Wellenstein

RCSL: F14540